News aus der Naturschoul

Oppasse wannechgelift!!

Aus technesche Grënn hu mer de Planning nach net vum Site geholl. Sou wi et am Moment steet, ass d’Naturschoul awer leider bis an de Summer zou. Mär wäerte probéieren, Klassen, di fir dëst Joer ugemellt woaren, fir d’nächst Joer prioritär ze invitéieren, wa se am Summer eng Demande an deem Sënn maachen.

“Was tun?”, frot de Lenin. “So lasst uns denn ein Apfelbäumchen pflanzen”, sot den Hoimar von Ditfurth. Oder Paprika, Tomaten a sténkeschen Houfert? Mee och d’Grompre komme geschwënn drun. An no de Beie gëtt gekuckt ! De Mouken hu mer (mat den Zowaascher Leit an dem Service écologique) iwwert d’Strooss gehollef . A eis Newsletter mat dem beschten Äppel-Cake vun der Welt an den interessantesten Sendungen iwwert d’Natur fannt der hei riets bei eisen Newsletteren.

             

Vergiesst net, eis är Quizzen eranzeschécken! Wee kee kritt huet , soll onbedingt bei der Joffer oder dem Häerleerer nofroen, soss verpasst der eppes!

An am Bësch fannt der lo di éischt Fréibléier – profitéiert, kuckt äech eis Natur un a verhaalt äech di schéinste Weeër fir mat ärer Klass erauszegon.

 

 


Powered by http://wordpress.org/ and http://www.hqpremiumthemes.com/