Vu Pilzen a Champignonen

Wat ass dat gréisst Liewewiesen op der Äerd? Richteg! – ee Champignon, respektiv een Hallimasch. Mär hunn der och bei eis am Bësch, awer e bësse méi klenger. Mär sichen se an der Wiss an am Bësch a probéieren se ze bestëmmen. Vläit gëtt et der awer och um Gebees an um Camembert? A wou nach?