Summer
Meteorologie
Wei gëtt d’Wieder gemooss? Wei kann ee Prévisoune maachen? Wat sinn interessant Wiederphänomener? Alles dat kucke mir eis zesummen un. Bei guddem Wieder loosse mer och ee Solarzeppelin an d’Lut goen.
Mat Kaart a Kompass duerch Lasauvage
Mär schaffe mat groussen a klenge Koarten, benotzen ee Kompass, man ee Rallye duerch Zowaasch.
Landschaften zu Lëtzebuerg
Mär maache mam Bus een Tour duerch d’Land a besiche geomorphologesch exemplaresch Siten, wou mer di typesch Landschaften gesinn. Vun den Zeugenbergen wi dem Zolwerknapp bis an d’Eislek an dem “Napoleonsgaard”.
Nature-Art, Land-Art
Konscht an a mat der Natur: Blieder-Mandalaen, Kropemännecher, Zapfe-Skulpturen, Schuele-Booter, Bam-Graffitien, an, an, an
Kläranlag
!! D’Kläranlag zu Péiteng ass wéint Chantier e puer Joer fir Visitten zou.!! Esou bal d’Kläranlag fir Visitten vu Schoulen erem op ass gi mir eng Informatioun eraus
Kelten a Réimer um Tëtelbierg
Hei besteet d’Méiglechkeet un der Kelten- a Réimerwoch an Zesummenaarbecht mat der Technikschoul Deel ze huelen. Mär maache Feier wi deemols, präge Mënzen am réimesche Stil, zwaffen eng keltesch Fibel a spille wi di réimesch Kanner (-a Légionnairen?). Mär man dat um Site vun den Ausgruewungen um Tëtelbierg selwer.
Insekten
Ass d’Spann da lo eent oder net? A kënne se all fléien oder net? Bäisse se? Si se nëmme gutt als Vullefudder? Mär kucken eis eng Rei Insekten un a vergläiche se, fanne Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder. Mär fanne se am Goart, am Bësch, am Weier – an am Schoulsall.
Naturschutzgebitt Prënzebierg a Giele Botter
D’Geologie, d’Fauna, d’Flora vun den alen Tagebau-Gebitter. Wéi eruewert séch d’Natur eng Landschaft erëm, di de Mënsch mat Gewalt ëmgekrempelt hat? Wéi komme Muschelen op de Bierg? Firwat fanne mer hei sou vill Orchideeën? …
Fräsche, Mouken an aner Waasserdéier
Wéi eng Déier liewen zu Zowaasch beim an am Weier? Mat Epuisetten a Luppen ma mer eis op de Wee.
Fossilien
Wat ass ee Fossil? Wéi kënnt en Déier an e Steen? Ween huet Muschelen zu Zowaasch vergruef? Mat Hummer a Meessel gi mer op d’Sich. ab Klass 3.2