Fréijoer
Evolutioun
D’Natur woar net ëmmer wi se lo ass. Wou kënnt de Mënsch hir? Si mer net och e bësse Famill mam Dinosaurier? Wat huet dat Stéck Kräid mat deem mer un d’Tafel schreiwen mat den Déier am Mier ze dinn, dat virun laanger Zäit mol eis Géigend bedeckt huet? Wéi kënnt een Insekt an ee […]
Eng Rees duerch den Universum
Vun der Äerd duerch eise Sonnesysteem mat senge Planéiten, Mounden an Asteroiden bis bei d’Stären. Mat ville Filmer, Biller, Modeller, Spiller luusse mer an eist Universum eran.
Ekeldéier
Iiii, eng Spann! Schlaangen, Schleeken, Raten oder all méiglech Krabbeldéier gi vu ville Kanner- an Enseignanten- gefoart a léisen dacks Ekelgefiller aus. Mär probéieren di Gefiller ze verston an ze versachlechen. A vläit kann dono deen een oder aneren dat fantastescht Bauwierk vum Spannennetz an di wertvoll Oarbecht vum Reewuerm am Goart mat aneren A […]
Eis Gräifvullen
D’Kanner mengen dacks en Adler iwwert dem Feld gesinn ze hunn. Mee woar et net awer en Héngerdéif? Oder ass den Héngerdéif net éischter ee Bussard? Eng Rei Gréifvigel liewen nach bei eis am Land. An der Naturschoul kënne mer eis se vu ganz no ukucken, ouni dass se fortfléien ( a jo- et si […]
Eis Chiers, eng lieweg Bach 2. Deel
Mär trëppele laanscht d’Kor, vun der Biff bis op Athus. Ënnerwee kucken, richen, moossen an analyséiere mer d’Waasser. Ab Klass 3.2
Eis Chiers, eng lieweg Bach 1. Deel
Mär trëppele vum Korspronk zu Uewerkuer bis an de Parc de la Chiers zu Déifferdeng. Ënnerwee kucken, richen, moossen an analyséiere mer d’Waasser. Ab Klass 3.2
Eis Bëschdéier
Wei eng Deieren liewe bei eis am Bësch? Unhand vu flotten opgestopptene Modeller kucken mir eis all des Deieren am Saal un a maachen eis och duerno am Bësch op d’Sich….
Eilen an aner grouss Vigel
Wei eng Eilen an aner grouss Vigel ginn et bei eis a wéi liewen se . . .
Den Tagebau
D’Eisenerz huet eist Land räich gemaach. Een Deel dovun ass uewerirdesch mat Sprengungen, Maschinnen a vill mënschlecher Kraaft aus dem Buedem geholl ginn. Mär man eis op d’Sich no de Spuere vum Tagebau um Prënzebierg.
De Liewensraum Buedem
Wat lieft alles am Bueden, ënnert engem Steen, an engem ale Bamstamm, ënnert Blieder asw…..? Alles dat kucke mir zesummen a versichen déi Deieren déi mer fannen ze bestëmmen.