Cycle 3
Natur am Wanter
Di verschidde Strategien vun den Déier an de Planzen fir de Wanter ze iwwerliewen. Mär ginn an de Bësch, un de Weier a bei d’Beienhaus.
Am Goart: Muerten, Poretten a co…
Wat muss alles am Gaart geschafft ginn? Wat heescht repikéieren, séinen, kappen, reechen, asw. – a wéi mécht een dat?Dat alles léiere mer an eisem Schoulgoart dem “Paradäis”
Hunneg schleideren
(Den Datum muss spontan décidéiert ginn – d’Wieder an d’Beien décidéieren. Nëmme fir Klassen aus de Gemengen Déifferdeng a Péiteng) Wann eis Beien am Fréijor fläisseg sinn, ass den Imker frou, well da kritt e vill Hunneg. Dee kënnt awer net vum selwen an d’Glas. Dofir brauche mer Hëllef vu jonke stoarken Hänn. Den Datum […]
Mär maache Viz
Et besteet och d’Méiglechkeet ee Kelter an d’Schoul geliwwert ze kréie fir selwer Viz ze maachen.
Meteorologie
Wei gëtt d’Wieder gemooss? Wei kann ee Prévisoune maachen? Wat sinn interessant Wiederphänomener? Alles dat kucke mir eis zesummen un. Bei guddem Wieder loosse mer och ee Solarzeppelin an d’Lut goen.
Nature-Art, Land-Art
Konscht an a mat der Natur: Blieder-Mandalaen, Kropemännecher, Zapfe-Skulpturen, Schuele-Booter, Bam-Graffitien, an, an, an
Kläranlag
!! D’Kläranlag zu Péiteng ass wéint Chantier e puer Joer fir Visitten zou.!! Esou bal d’Kläranlag fir Visitten vu Schoulen erem op ass gi mir eng Informatioun eraus
Kachen a Brachen
(Leider nëmme fir Klassen aus de Gemengen Déifferdeng a Péiteng) Ab de Klassen 3.2. (fir di Aal: = vum 4.Schouljor un) Als Spëtzegastronomen iwwerleeë mer eis natierlech bei allem, wat mer iessen, wou et hirkënnt. Eise Menü soll all d’Facette vu Liewensmëttel enthalen, déi de Mënsch brauch. Menu du Jour actuel Geméiszopp , alles an […]
Insekten
Ass d’Spann da lo eent oder net? A kënne se all fléien oder net? Bäisse se? Si se nëmme gutt als Vullefudder? Mär kucken eis eng Rei Insekten un a vergläiche se, fanne Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder. Mär fanne se am Goart, am Bësch, am Weier – an am Schoulsall.
Hecken
Mir sichen a sammelen Hecken an Heckefriichten a probéieren eis e pure Nimm ze verbalen an d’Uwendungen vun deene verschiddene Friichten besser kennen ze léieren….