Cycle 3
Recyclingzenter Déifferdeng
Dir maach eng Visitt vun enger gudder Stonn um Recyclinghaff. Et ass keen vun der Naturschoul derbäi. Mir organiséieren iech awer den Transport. An de Woche virdrun kënnt dir och an der Schoul Material sammelen fir duerno am Recycling “richteg” ofzeliwweren
Waasservullen
Um grousse Weiher zu Lasauvage hu sich ewell eng ganz Reih interessant Wasservulle nidder gelooss. Mir maachen eis op d’Sich no hinnen a léieren och wei se liewen.
Wei kënnt de Stroum an eis Steckdous?
Karbonbaséiert Stroumproduktioun vs. méi nohalteg Verfahren. Wat kann deen eenzele man fir d’Ressourcen ze erhalen an de Klima ze retten? Veranschaulechung duerch all méiglech Modeller
Ween ass de Meeschter an der Nuet?
Eilen? Oder Nuetspäiperlécken? oder awer d’Flëntermais? Am flottsten ass dëst Thema natierlech am Däischteren. Vläit ass eng Klass am Séjour am centre d’hébergement intresséiert eng Kéier owes erauszegon?
Wanderschéiferei
An der normaler Sukzessioun wuessen eis Tagebau-Gebitter ëmmer méi zou an di enorm Diversitéit, di sech do entwéckelt huet, mat ville rare Planzen, mécht schlussendlech engem Buche-Bësch Plaz, wi mer en op ville Plaze fannen. De Schéifer mat senge Schof hëlleft, eng Rei Arealer sou ze erhalen, wéi se lo sinn. De Besuch bei de […]
Vullen am Wanter
Di eng flüchten, di aner bleiwen hei. Soll een se fidderen? A wa jo, mat wat? Mär sichen se a kucken se. Wann Zäit ass, baue mer ee Fudder-Aascht.
Vu Pilzen a Champignonen
Wat ass dat gréisst Liewewiesen op der Äerd? Richteg! – ee Champignon, respektiv een Hallimasch. Mär hunn der och bei eis am Bësch, awer e bësse méi klenger. Mär sichen se an der Wiss an am Bësch a probéieren se ze bestëmmen. Vläit gëtt et der awer och um Gebees an um Camembert? A wou nach?
Spiechte, Baumeeschter am Bësch
Dinn se sech beim Hummeren net wéi? Zu wéi engem Zweck eigentlech dat ganzt Geklapps do? Wi vill Zorten hu mer eigentlech bei eis? An der Naturschoul hu mer se an ausgestoppter Form an do kucke mer eis se genee un. An da gi mer op d’Sich no dem Woodpecker senge Spueren am Bësch a […]
Seejomëss
Seejomes, Jeesomes, Jäjomes, Seechmummes, Omes …, vill Nimm fir dat wibbelegt Insekt, dat eis Kanner gär Ameis nennen. Mär ginn op d’Sich no hiren Näschter a léieren all Méigleches, vun hirer grousser Kraaft bis bei d’Fro, ob all Jeejomes eng Kéier an hirem Liewe Flillécken huet.
Natur am Wanter
Di verschidde Strategien vun den Déier an de Planzen fir de Wanter ze iwwerliewen. Mär ginn an de Bësch, un de Weier a bei d’Beienhaus.