Cycle 2
Insekten
Ass d’Spann da lo eent oder net? A kënne se all fléien oder net? Bäisse se? Si se nëmme gutt als Vullefudder? Mär kucken eis eng Rei Insekten un a vergläiche se, fanne Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder. Mär fanne se am Goart, am Bësch, am Weier – an am Schoulsall.
Gromperefest
(Leider nëmme fir Klassen aus de Gemeng Déifferdeng) Mir gi Grompere rafen an eise Gaart, huelen och e bessi Geméis mat an d’Schoul an da ginn eng gudd Geméiszopp a lecker Gromperekichelcher gemaach an natierlech och zesumme giess…….
Fräsche, Mouken an aner Waasserdéier
Wéi eng Déier liewen zu Zowaasch beim an am Weier? Mat Epuisetten a Luppen ma mer eis op de Wee.
Ekeldéier
Iiii, eng Spann! Schlaangen, Schleeken, Raten oder all méiglech Krabbeldéier gi vu ville Kanner- an Enseignanten- gefoart a léisen dacks Ekelgefiller aus. Mär probéieren di Gefiller ze verston an ze versachlechen. A vläit kann dono deen een oder aneren dat fantastescht Bauwierk vum Spannennetz an di wertvoll Oarbecht vum Reewuerm am Goart mat aneren A […]
Eis Bëschdéier
Wei eng Deieren liewe bei eis am Bësch? Unhand vu flotten opgestopptene Modeller kucken mir eis all des Deieren am Saal un a maachen eis och duerno am Bësch op d’Sich….
Eilen an aner grouss Vigel
Wei eng Eilen an aner grouss Vigel ginn et bei eis a wéi liewen se . . .
E Besuch um Beiestand
An eisem neie Beienhaus begéine mer Dausende vu Beien, sichen hir Kinnigin, loossen en Drohn iwwert eis Hand krabbelen, kucken de Meedecher beim Schaffen no a schmaachen e bëssen Hunneg, deen si eis “schenken”. Och wëlle mer wëssen: Wéi bauen si hir Waben? Woumat fidderen si hir Kleng? Wat ass Propolis? A vläit däerf haut […]
E Besuch um Bauerenhaff
(Nëmme fir Klassen aus der Gemeng Déifferdeng) Mär ginn op den Tempelshaff op Uewerkuer. Do gesi mer di déck Maschinnen a klammen op en Trakter. Da soe mer dem Véi moien a léieren, wat ee Stéier ass, wat eng Kou a wat ee Kallef. Vläit fiddere mer och d’Hinger. An ee Mëschtkoup däerf och net […]
Den Hierschtbësch
Ee flotte Spazéiergang duerch den Hierschtbësch. Ënnerwee maache mir flott Spiller a kucken eis dei flott Hierschtfoarwen am Bësch un…..
De Päiperlek
Wei entsteet ee Päiperlék, wou fanne mer Raupen, wat ass eng Popp….? Mir maachen eis op d’Sich nom schéinste Päiperlék.