Aktivitéiten
Hunneg schleideren
Wann eis Beien am Fréijor fläisseg sinn, ass den Imker frou, well da kritt e vill Hunneg. Dee kënnt awer net vum selwen an d’Glas. Dofir brauche mer Hëllef vu jonke stoarken Hänn. Den Datum vun dëser Aktivitéit kann nëmme kuerzfristeg festgehal ginn, well d’Hunnegproduktioun vu ville Facteuren ofhänkt, déi den Imker net beaflosse kann- […]
Mär maache Viz
Et besteet och d’Méiglechkeet ee Kelter an d’Schoul geliwwert ze kréie fir selwer Viz ze maachen.
Meteorologie
Wei gëtt d’Wieder gemooss? Wei kann ee Prévisoune maachen? Wat sinn interessant Wiederphänomener? Alles dat kucke mir eis zesummen un. Bei guddem Wieder loosse mer och ee Solarzeppelin an d’Lut goen.
Mat Kaart a Kompass duerch Lasauvage
Mär schaffe mat groussen a klenge Koarten, benotzen ee Kompass, man ee Rallye duerch Zowaasch.
Landschaften zu Lëtzebuerg
Mär maache mam Bus een Tour duerch d’Land a besiche geomorphologesch exemplaresch Siten, wou mer di typesch Landschaften gesinn. Vun den Zeugenbergen wi dem Zolwerknapp bis an d’Eislek an dem “Napoleonsgaard”.
Nature-Art, Land-Art
Konscht an a mat der Natur: Blieder-Mandalaen, Kropemännecher, Zapfe-Skulpturen, Schuele-Booter, Bam-Graffitien, an, an, an
Kläranlag
!! D’Kläranlag zu Péiteng ass wéint Chantier e puer Joer fir Visitten zou.!! Esou bal d’Kläranlag fir Visitten vu Schoulen erem op ass gi mir eng Informatioun eraus
Kelten a Réimer um Tëtelbierg
Hei besteet d’Méiglechkeet un der Kelten- a Réimerwoch an Zesummenaarbecht mat der Technikschoul Deel ze huelen. Mär maache Feier wi deemols, präge Mënzen am réimesche Stil, zwaffen eng keltesch Fibel a spille wi di réimesch Kanner (-a Légionnairen?). Mär man dat um Site vun den Ausgruewungen um Tëtelbierg selwer.
Kachen a Brachen
Ab de Klassen 3.2. (fir di Aal: = vum 4.Schouljor un) Als Spëtzegastronomen iwwerleeë mer eis natierlech bei allem, wat mer iessen, wou et hirkënnt. Eise Menü soll all d’Facette vu Liewensmëttel enthalen, déi de Mënsch brauch. Menu du Jour actuel Geméiszopp , alles an d’Dëppen hopphopp Lasagna , al dente ma non troppo con […]
Insekten
Ass d’Spann da lo eent oder net? A kënne se all fléien oder net? Bäisse se? Si se nëmme gutt als Vullefudder? Mär kucken eis eng Rei Insekten un a vergläiche se, fanne Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder. Mär fanne se am Goart, am Bësch, am Weier – an am Schoulsall.