Aktivitéiten
D’Millen an d’Kären an d’Energie
Op der Rollénger Millen Wéi eng Zorte Mille gouf et a gëtt et nach haut? Wat ass a wat gëtt nach an de Mille produzéiert? Wei eng Käre gin an de Mille verschafft? D’Mechanik an de Fonktionnement vun eiser Millen. Mär maache Brout oder Müsli….. ab C3;2 !!!
Nuetswanderung
Fir déi Klassen, déi am Centre d’hébergement zu Zowaasch sinn, proposéiere mir eng Nuetswanderung op eisem Sentier de la Crosnière ze maachen. Je no Mount a Joreszäit fänkt d’Wanderung fréistens um 21:30 un an dauert ongeféier 1,5 Stonn.
Waasservullen
Um grousse Weiher zu Lasauvage hu sich ewell eng ganz Reih interessant Wasservulle nidder gelooss. Mir maachen eis op d’Sich no hinnen a léieren och wei se liewen.
Zesumme liewen op eisem Planéit
Globaliséierung betrëfft och all Kand! Eng Jeans, di ech kafen, ass duerch vill Hänn a vill Länner gaang. Mäin Handy ass aus ville Materialien zesummegebaut, fir déi Sklaven an der 3.Weelt ausgebeut ginn. Wann ech faire Schokela kafen, hëllefen ech dem Kakao-Bauer, seng Kanner an d’Schoul kënnen ze schécken. Wat kanns du man? Zesummenhäng erkennen […]
Wei kënnt de Stroum an eis Steckdous?
Karbonbaséiert Stroumproduktioun vs. méi nohalteg Verfahren. Wat kann deen eenzele man fir d’Ressourcen ze erhalen an de Klima ze retten? Veranschaulechung duerch all méiglech Modeller
Ween ass de Meeschter an der Nuet?
Eilen? Oder Nuetspäiperlécken? oder awer d’Flëntermais? Am flottsten ass dëst Thema natierlech am Däischteren. Vläit ass eng Klass am Séjour am centre d’hébergement intresséiert eng Kéier owes erauszegon?
Wanderschéiferei
(Nëmme fir Klassen aus de Gemengen Déifferdeng a Péiteng. Den Datum muss ganz kuerzfristeg décidéiert ginn.) An der normaler Sukzessioun wuessen eis Tagebau-Gebitter ëmmer méi zou an di enorm Diversitéit, di sech do entwéckelt huet, mat ville rare Planzen, mécht schlussendlech engem Buche-Bësch Plaz, wi mer en op ville Plaze fannen. De Schéifer mat senge […]
Vum Minettsteen zum Stol
Wou gouf fréier Stol produzéiert a wéi geet dat haut? Zu Lasauvage maache mer eis och op d’Sich no Spueren vun der Vergaangenheet ,wat den Ofbau vun Eisenerz zu Zowaasch ugeet. Eventuell geet et och bis eriwwer op Zounen (Saulnes) bei eis franséisch Noperen, wou deen eelsten Héichuewe vun der Welt soll stoen….. D’Naturschoul organiséiert […]
Vullen am Wanter
Di eng flüchten, di aner bleiwen hei. Soll een se fidderen? A wa jo, mat wat? Mär sichen se a kucken se. Wann Zäit ass, baue mer ee Fudder-Aascht.
Vu Pilzen a Champignonen
Wat ass dat gréisst Liewewiesen op der Äerd? Richteg! – ee Champignon, respektiv een Hallimasch. Mär hunn der och bei eis am Bësch, awer e bësse méi klenger. Mär sichen se an der Wiss an am Bësch a probéieren se ze bestëmmen. Vläit gëtt et der awer och um Gebees an um Camembert? A wou nach?