Aktivitéiten
Recyclingzenter Déifferdeng
Dir maach eng Visitt vun enger gudder Stonn um Recyclinghaff. Et ass keen vun der Naturschoul derbäi. Mir organiséieren iech awer den Transport. An de Woche virdrun kënnt dir och an der Schoul Material sammelen fir duerno am Recycling “richteg” ofzeliwweren
De Waassergaart op der Zowaasch
Wat gouf fréier mat deene Basénge am Zowaascher “Paradäis” gemaach. Wei kann een d’Waasser an d’Waasserkraft technesch notzen. Mir bauen kleng technesch Virrichtungen a probéieren dei dann och um Waasser aus.
Fair Breakfast
Nodeems mer gemittlech zesumme “Kaffi gedronk” hunn – natierlech mat fair gehandelte Produiten: Gebeess, Schokelasbotter, Jus, Téi, Stoffi a Botter….-, kucke mer eis eng kleng Ausstellung un a léieren duerch Aktivitéiten a Spiller mei genee, wat fairen Handel ass. Vu Kakao a Schokela gi mer aus a landen och bei Kleeder a Schung ab C […]
Eise Geo-Cache
Wee rett di verluere Séil vum Grof Saitignon? Ee Multi-Cache duerch Lasauvage an d’Natur ronderëm Lasauvage. Mat GPS-Navië ginn d’Kanner op d’Sich nom Geheimnis vum Grof Saintignon. Ab der éischter Statioun am Musée kréien d’Kanner duerch di richteg Äntwert op eng interessant Fro de Schlëssel fir d’Koordinate vun der jeweils nächster Statioun. Sou léiere se […]
D’Millen an d’Kären an d’Energie
Op der Rollénger Millen Wéi eng Zorte Mille gouf et a gëtt et nach haut? Wat ass a wat gëtt nach an de Mille produzéiert? Wei eng Käre gin an de Mille verschafft? D’Mechanik an de Fonktionnement vun eiser Millen. Mär maache Brout oder Müsli….. ab C3;2 !!!
Nuetswanderung
Fir dei Klassen dei am centre d’hébergement zu Zowaasch sinn proposéiere mir eng Nuetswanderung op eisem Sentier de la Crsonières ze maachen. Je no Mount a Joreszäit fänkt d’Wanderung fréistens um 21:30 un an dauert ongeféier 1,5 STonn.
Waasservullen
Um grousse Weiher zu Lasauvage hu sich ewell eng ganz Reih interessant Wasservulle nidder gelooss. Mir maachen eis op d’Sich no hinnen a léieren och wei se liewen.
Zesumme liewen op eisem Planéit
Globaliséierung betrëfft och all Kand! Eng Jeans, di ech kafen, ass duerch vill Hänn a vill Länner gaang. Mäin Handy ass aus ville Materialien zesummegebaut, fir déi Sklaven an der 3.Weelt ausgebeut ginn. Wann ech faire Schokela kafen, hëllefen ech dem Kakao-Bauer, seng Kanner an d’Schoul kënnen ze schécken. Wat kanns du man? Zesummenhäng erkennen […]
Wei kënnt de Stroum an eis Steckdous?
Karbonbaséiert Stroumproduktioun vs. méi nohalteg Verfahren. Wat kann deen eenzele man fir d’Ressourcen ze erhalen an de Klima ze retten? Veranschaulechung duerch all méiglech Modeller
Ween ass de Meeschter an der Nuet?
Eilen? Oder Nuetspäiperlécken? oder awer d’Flëntermais? Am flottsten ass dëst Thema natierlech am Däischteren. Vläit ass eng Klass am Séjour am centre d’hébergement intresséiert eng Kéier owes erauszegon?