|
|
Wat ech wëssen muss
|
Zu den Aktivitéiten:
D'Klassen aus de Gemengen Déifferdeng, Péiteng a Suessem kënnen e puermol pro Jor en Thema zu Lasauvage matmaachen. Duerfir muss een awer
wÈinesdens 1-2 UnitÈiten am Hierscht oder am Wanter eraussichen.
Wien en Nomëtteg ukräizt, kënnt doudsécher méi oft drunn. Denkt och drunn, datt en Nomëtteg am Wanter oft wiederméisseg besser ass ewéi e Moien. Am Summer sinn grouss Sortie'en am Moien besser.
Frot no op d'Kanner den Thema net schon dat Joër virdru behandelt hunn. Och sollt den Titulaire, deen d'Sciencen hält, matkommen.
D'Kanner sollen sech ëmmer dem Wieder no kleeden wann d'Aktivitéit dobaussen ass. D'Stiwwelen ginn an enger Tut matbruecht fir de Bus an de Sall net knaschteg ze maachen.
Eegent Material wéi Lupen a Bestëmmungsbicher (ab 3. Schouljoër) sollen d'Kanner roueg matbrengen. Wann se e Rucksack hunn, bleiwen d'Hänn fräi. Bei Unitéiten déi ganz oder deelweis am Sall sinn, brengen d'Kanner hier eegen Schachtel mat. |
 |
Zum Material:
Niewt de Videoscassetten an ausgestoppten Déiere kënnen och Pabeier-, Waasser-, Afrika- an Energiekoffer fir 2 Wochen ausgeléint ginn.
Nëtzlech Nummeren a Siten:
Telefon: 26 50 79-23
Fax: 26 50 79-21
Homepage: http://www.naturschoul.lu/
Well mer meechtens ënnerwee sinn, schéckt w.e.gl. eng e-mail, wann der Froen hutt bei
nature.lasauvage_@_ecole.lu,
pierre.mischo_@_education.lu (remove "_" first on use)
Mir wënschen e flotten Openthalt an der Natur!
Fränz, Laurent, Marc, Roby a Pit

|