Hierscht
Am Goart: Muerten, Poretten a co…
Wat muss alles am Gaart geschafft ginn? Wat heescht repikéieren, séinen, kappen, reechen, asw. – a wéi mécht een dat?Dat alles léiere mer an eisem Schoulgoart dem “Paradäis”
An der Hexekichen
Wee war déi wëll Fra vun Zowaasch? Zesumme beäntwerte mer dës Fro, a léieren eng ganz Rei Heel- a Gëftpflanzen kennen, esou wéi hir Uwendungen a Kichen, Medizin an Alldag.
Bichen, Elleren, Eechen an all hir Kollegen
Mir léieren déi gängegst lëtzebuerger Beem kennen. Spillen, bestëmmen, sammelen, sichen, taaschten….
Bionik
Zwësche Biologie an Technik. Wat kann de Mënsch der Natur ofkucken a fir d’Technik gewannen?
De Liewensraum Buedem
Wat lieft alles am Bueden, ënnert engem Steen, an engem ale Bamstamm, ënnert Blieder asw…..? Alles dat kucke mir zesummen a versichen déi Deieren déi mer fannen ze bestëmmen.
Den Hierschtbësch
Ee flotte Spazéiergang duerch den Hierschtbësch. Ënnerwee maache mir flott Spiller a kucken eis dei flott Hierschtfoarwen am Bësch un…..
Eilen an aner grouss Vigel
Wei eng Eilen an aner grouss Vigel ginn et bei eis a wéi liewen se . . .
Eis Bëschdéier
Wei eng Deieren liewe bei eis am Bësch? Unhand vu flotten opgestopptene Modeller kucken mir eis all des Deieren am Saal un a maachen eis och duerno am Bësch op d’Sich….
Flëntermais
Ass et e Vull? Ass et eng Maus? Nee – et ass eng Flantermaus! Mär kucke se vu ganz no (ausgestoppt), lauschteren hir Kreesch, léiere, wéi si héieren, probéieren ze verston, wéi si sech orientéieren a ginn erau skucken, op wéi enge Plazen si sech verstoppen. A vläit – mat ganz vill Chance-gesi mer eng […]
Gromperefest
Mir gi Grompere rafen an eise Gaart, huelen och e bessie Geméis mat an d’Schoul an da ginn eng gudd Geméiszopp a lecker Gromperekichelcher gemaach an natierlech och zesumme giess…….