Cycle 4
Am Goart: Muerten, Poretten a co…
Wat muss alles am Gaart geschafft ginn? Wat heescht repikéieren, séinen, kappen, reechen, asw. – a wéi mécht een dat?Dat alles léiere mer an eisem Schoulgoart dem “Paradäis”
An der Hexekichen
Wee war déi wëll Fra vun Zowaasch? Zesumme beäntwerte mer dës Fro, a léieren eng ganz Rei Heel- a Gëftpflanzen kennen, esou wéi hir Uwendungen a Kichen, Medizin an Alldag.
Bichen, Elleren, Eechen an all hir Kollegen
Mir léieren déi gängegst lëtzebuerger Beem kennen. Spillen, bestëmmen, sammelen, sichen, taaschten….
Bionik
Zwësche Biologie an Technik. Wat kann de Mënsch der Natur ofkucken a fir d’Technik gewannen?
Birdwatchday
Mir huelen eis Spektiven an eis longue-vue mat eraus a maachen eis op d’Sich no interessanten a flotte Villecher. Dës Unitéit kann och emol op enger anerer Plaatz duerchgefouert ginn falls zu enger bestëmmter Zäit op enger bestëmmter Plaatz interessant Villecher ze gesinn sinn (z.B. Haff Réimech, Giele Botter, Kiermerchen….)
De Bauer, Produzent vun eise Liewensmëttelen
Um Scheierhaff zu Zolwer. Mär besichen ee Mëllechbauer a loossen eis erklären wat d’Oarbecht vum Bauer ass. Mär kucke, wei d’Kéi gestrach ginn a kënnen eventuell och bei e puer Oarbechten eng Hand mat upaken.
De Flouer
Wat wiisst alles um Feld. Wat ass den Ënnerscheed tëscht Weess, Kar, asw…. Wat ass eng Weed, en Acker e Feld? Wei eng Déieren liewen um Flouer? Alles dat probéiere mer op engem flotte Wee erof op Lasauvage zesummen erauszefannen.
De Fréijoersbësch
Mir machen ee flotte Spazéiergang duerch de Bësch. Mir sichen och no deenen éischte Frühblüher, lauschteren op mer scho Villercher héieren a maachen natierlech och e puer Spiller ënnerwee.
De Kiermerchen mat sengem Patrimoine industriel, culturel an naturel
Mir ginn duerch dat vergiessent, romantescht, flott Dall a léieren eppes iwwert d’Geschicht wat hei fréier gemaach gouf, iwwert den Naturschutz an doriwwer firwat een esou Plaatze schütze soll. De Bus bréngt iech hei op de Parking uewerhalb vum Uewerkuerer Schéissterrain…..
De Liewensraum Baach
Mir gi bei d’Crosnière zu Lasauvage a kucken wat fir Déieren alles do am Waasser liewen. Mir kucken op d’Baach net zevill verknascht ass a fëschen natierlech och Insektelarven, kleng Fësch, Baachkriibsen asw…., nëmme fir se kennen ze léieren a se duerno erem an d’Baach ze loossen.