Cycle 2
Ekeldéier
Iiii, eng Spann! Schlaangen, Schleeken, Raten oder all méiglech Krabbeldéier gi vu ville Kanner- an Enseignanten- gefoart a léisen dacks Ekelgefiller aus. Mär probéieren di Gefiller ze verston an ze versachlechen. A vläit kann dono deen een oder aneren dat fantastescht Bauwierk vum Spannennetz an di wertvoll Oarbecht vum Reewuerm am Goart mat aneren A […]
Fräsche, Mouken an aner Waasserdéier
Wéi eng Déier liewen zu Zowaasch beim an am Weier? Mat Epuisetten a Luppen ma mer eis op de Wee.
Gromperefest
Mir gi Grompere rafen an eise Gaart, huelen och e bessie Geméis mat an d’Schoul an da ginn eng gudd Geméiszopp a lecker Gromperekichelcher gemaach an natierlech och zesumme giess…….
Insekten
Ass d’Spann da lo eent oder net? A kënne se all fléien oder net? Bäisse se? Si se nëmme gutt als Vullefudder? Mär kucken eis eng Rei Insekten un a vergläiche se, fanne Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder. Mär fanne se am Goart, am Bësch, am Weier – an am Schoulsall.
Kläranlag, Kompostanlag, Recyclingcenter
Mir organiséieren äech eng Visite mat oder ouni Bus an engem vun dëse Betriber. Kläranlag zu Péiteng - luusst mol op den Internet-Site vum SIACH eran! Recycling-Center zu Nidderkuer oder Rodange Minett-Kompost zu Lalleng
Mär maache Viz
Et besteet och d’Méiglechkeet ee Kelter an d’Schoul geliwwert ze kréie fir selwer Viz ze maachen.
Natur am Wanter
Di verschidde Strategien vun den Déier an de Planzen fir de Wanter ze iwwerliewen. Mär ginn an de Bësch, un de Weier a bei d’Beienhaus.
Nature-Art, Land-Art
Konscht an a mat der Natur: Blieder-Mandalaen, Kropemännecher, Zapfe-Skulpturen, Schuele-Booter, Bam-Graffitien, an, an, an
Seejomëss
Seejomes, Jeesomes, Jäjomes, Seechmummes, Omes …, vill Nimm fir dat wibbelegt Insekt, dat eis Kanner gär Ameis nennen. Mär ginn op d’Sich no hiren Näschter a léieren all Méigleches, vun hirer grousser Kraaft bis bei d’Fro, ob all Jeejomes eng Kéier an hirem Liewe Flillécken huet.