Cycle 1
Gromperefest
Mir gi Grompere rafen an eise Gaart, huelen och e bessie Geméis mat an d’Schoul an da ginn eng gudd Geméiszopp a lecker Gromperekichelcher gemaach an natierlech och zesumme giess…….
Insekten
Ass d’Spann da lo eent oder net? A kënne se all fléien oder net? Bäisse se? Si se nëmme gutt als Vullefudder? Mär kucken eis eng Rei Insekten un a vergläiche se, fanne Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder. Mär fanne se am Goart, am Bësch, am Weier – an am Schoulsall.
Mär maache Viz
Et besteet och d’Méiglechkeet ee Kelter an d’Schoul geliwwert ze kréie fir selwer Viz ze maachen.
Natur am Wanter
Di verschidde Strategien vun den Déier an de Planzen fir de Wanter ze iwwerliewen. Mär ginn an de Bësch, un de Weier a bei d’Beienhaus.
Nature-Art, Land-Art
Konscht an a mat der Natur: Blieder-Mandalaen, Kropemännecher, Zapfe-Skulpturen, Schuele-Booter, Bam-Graffitien, an, an, an
Vullen am Wanter
Di eng flüchten, di aner bleiwen hei. Soll een se fidderen? A wa jo, mat wat? Mär sichen se a kucken se. Wann Zäit ass, baue mer ee Fudder-Aascht.
Ween ass de Meeschter an der Nuet?
Eilen? Oder Nuetspäiperlécken? oder awer d’Flëntermais? Am flottsten ass dëst Thema natierlech am Däischteren. Vläit ass eng Klass am Séjour am centre d’hébergement intresséiert eng Kéier owes erauszegon?