Symbiosis

September 16, 2014 Naturschoul Aktivitéiten

FotoMunchmol kann ee verschidden Aufgaben net anescht léisen wei an der Grupp, wou ee sech och op deen anere muss verloosse kënnen. Wann dës Aufgaben dann am Bësch op een zou kommen da kann dat ganz interessant ginn.

Mat e puer flotten Naturspiller wëlle mir de Kanner an de Klasse weisen dat och vu Virdeel ka sinn wann den am Grupp schafft a wann een een deem anere vertraut.

Dës Unitéit kann och op Demande iwwert d’Mëttestonn eraus bis ongeféier 15:30 duerchgefouert ginn. D’Kanner mussen da just hiere Picknick matbréngen.

c4hierscht

Cycle 4Hierscht

Comments are currently closed.


Powered by http://wordpress.org/ and http://www.hqpremiumthemes.com/