1 |
|
Wee war d?i w?ll Fra vun Zowaasch? Zesumme be?ntwerte mer d?s Fro, a l?ieren eng ganz Rei Heel- a G?ftpflanzen kennen, esou w?i hir Uwendungen a Kichen, Medizin an Alldag.
|
2 |
|
Mir léieren déi gängegst lëtzebuerger Beem kennen. Spillen, bestëmmen, sammelen, sichen, taaschten....
|
3 |
|
Zwësche Biologie an Technik. Wat kann de Mënsch der Natur ofkucken a fir d'Technik gewannen?
|
4 |
|
Mir best?mmen, beobachten a ber?ngen eventuell och (mat engem Ornitholog) Villercher. Dat kann zu Lasauvage, um Haff R?imech oder zu Iwwersyren sinn.
|
5 |
|
E Besuch op engem Bauerenhaff aus der Ëmgéigend mat Véihzuucht oder Mëllechwirtschaft.
|
6 |
|
Wat wiisst um Feld? Grieser als Nahrungsmëttelen. Déieren a Blummen um Weerand.
|
7 |
|
Wat fir Blumme kommen als éischt luussen? Firwat sangen d'Vulle grad elo? D'Natur erwächt no deem laange Wanterschlof....
|
8 |
|
Waasseranalysen, Planzen an Déieren an a bei der Baach. Kuckt och de Projet: Eis Kor-Eng propper Baach?
|
9 |
|
Buedemdéieren, de Kreeslaf vum Humus.
|
10 |
|
Seng Wunneng, säi Kierper, säi Liewen.
|
11 |
|
E Spazéiergang duerch den Hierschtbëch
|
12 |
|
Den Tagebau, e Paradies aus Mënschenhand. Wat entsteet haut op daer Plaatz, wou eis Grousselteren d'Eisen aus dem Buedem geholl hun?
|
13 |
|
Maer gi bei d'Baach a bei de Weier.
|
14 |
|
Wat gehéiert alles zu engem Bauerenhaff? Wat fir Déieren huet de Bauer? Wat muss hien a seng Famill alles schaffen?
|
15 |
|
Wéi gin sou vill Déiere mateneen eens? Wat fir eng Aarbechte muss en Imker maachen? Firwat as grad den Hunneg sou wäertvoll?
|
16 |
|
|
17 |
|
Studium un Hand vu Präparaten, Déierespueren, Spiller
|
18 |
|
Mir maachen ee Rondgang vum Korspronk aus a ginn der Chiers no bis erof op Déifferdeng bei d'Arcelor Mittal. Ënnerwee maache mer Waasserprouwen (Temperatur, Geschwindegkeet...), kucken wou d'Chiers ënnert dem Buedem verschwënnt a wou se erem aus dem Buedem erauskënnt.... Vläit entdecken mer och Fësch an eiser Baach.....
|
19 |
|
Nodeems mer deen éischten Deel vun der Chiers zu Déifferdeng gemaach hunn, gi mer e puer Deeg drop op Nidderkuer, a vun do aus iwwert Kärjhéng bis op Péiteng wou d'Chiers gasnz flott renaturéiert ginn ass. Och hei maache mer Waasserprouwen a kucken eis déi verschidde Vegetatioune ronderem d'Chiers un......
|
20 |
|
Liewensweis, Nahrungsketten, Gläichgewiicht an der Natur.
|
21 |
|
Iwwert e längeren Zäiträum kommen d'Leit vun der Naturschoul bei iech an d'Klassen fir d'Thema ze préparéieren, eng Visite vun den techneschen Installatiounen ze maachen a fir eng Aktioun am Gebai duerchzeféieren. Doduerch sollen d'Kanner sensibiliséiert ginn sech mat der Energie- an Emwletproblematik auserneen ze setzen.
|
22 |
|
Wat as Energie? Wou kënnt se hir? Wat huet Energie mat eiser Ëmwelt ze din? As Energie onendlech do? Wat sin alternativ Energien?
|
23 |
|
Wéi eng Planéite ginn et? Si mir alleng am Universum? Wéi grouss, al a staark ass eis Sonn? Vu Schwaarze Lächer, Supernovaen, Meteoriten, Galaxien a villes méi....
|
24 |
|
D'Äerdzäitalteren an d'Entwécklung vum Liewen. Vun der Urzopp zum Mënsch.
|
25 |
|
Fësch an der Baach an am Weier.
|
26 |
|
Flechten - Eng Liewensgemeinschaft. Mat Beispiller vu Symbiose bei de Pflanzen an D?ieren.
|
27 |
|
- Flechten, eng Liewensgemeinschaft. Maer studéiere Beispiller vu Symbiose bei de Planzen an Déieren.
|
28 |
|
Maer beobachte Flëntermais a lauschteren hir Ultraschalltéin mat extraen Detekteren (no 20:00 Auer, nëmme fir Klassen am Séjour)
|
29 |
|
Maer sichen a préparéiere Fossilien. Jidderee kritt e Bernsteen, fir selwer ze schläifen an ze poléieren.
|
30 |
|
|
31 |
|
Vum Juramiir zum Minett. Erosioun, Fossilien, Mineralien.
|
32 |
|
An der Natur fënnt ee méi streng geometresch Formen, wéi een sech virstellt. Maer sichen des Formen a loosse Salzkristaller wuessen.
|
33 |
|
Am Hierscht wëlle mir ee ganzen Dag eis mat der Gromper beschäftegen. Während eng 1. Grupp Gromperen an de Schoulgaart rafe geet, schafft déi 2. Grupp an der Kichen a preparéiert Plat'en mat Gromepren (Geméiszopp, Gromperekichelcher, Gromperekuch,....) Mëttes iesse mir dann all zesummen an am Nomëtteg maache mir och nach Gromperespiller zesummen am Schoulhaff oder eng Bastelaarbecht mat Gromperen.
|
34 |
|
D'Hecken an onser Landschaft. Heckefriichten an hir Uwendung.
|
35 |
|
Insekten doheem an an der Natur
|
36 |
|
Gesond liewen- gesond iessen. Mer ënnersichen eis Liewensmëttelen a stellen en Top-Menu zesummen (well mer och zesummen iessen, bleiwt d'Klass bis 13 Auer 30 resp. 16.30 op der Zowaasch)
|
37 |
|
Maer maachen en Tour iwwer den Tëtelbierg a kucken eis d'Ausgruewungen un.
|
38 |
|
Maer loossen eis vu Professionellen duerch sou ee Betrieb féieren. Bei der Umeldung kënnt dir uginn op dir léiwer d'Kläranlag vu Péiteng, d'Kompostanlag vu Monnerech oder de Recycling vun Déifferdeng wëll besichen.
|
39 |
|
Maer gestalte mat Naturmaterialien e Konschtwierk am Fraien.
|
40 |
|
En Tour vun engem ganzen Dag mam Bus duerch verschidden Ecker, déi typesch fir eist Land sinn.
|
41 |
|
Eng Aféierung an d'Topograhie.
|
42 |
|
Wéi kann ee mat einfache Mëttele selwer eng Rei Parametere vum Wieder bestëmmen?
|
43 |
|
Maer loosse Kristalle wuessen a kucke Mineralien ënnert dem Binokular.
|
44 |
|
Mir maache Viz. De Kelter kann an d'Schoul geliwwert ginn. D'Klass sammelt selwer Äppel a mir kommen op d'Plaz hëllefen.
|
45 |
|
Je no Joreszäit entdecken d'Kanner d'Aarbechten am Paradäis, eisem Schoulgaart zu Lasauvage. D'Kanner planzen, séinen, repikéieren, pflegen, rappen Onkraut an nach villes méi......
|
46 |
|
E Rondgang duerch de Schnéi (wann es läit). Wéi iwwerlieft d'Natur d'Keelt? Mer siche no Spuere vun Déieren. Mer baue mat Schnéi e Konschtwierk oder en Iglo.
|
47 |
|
Wat kann ech doheem all Dag fir d'Emwelt maachen? Waasser, Energie, Offall.
|
48 |
|
D'Seejomëss am Bësch, an der Wiss, am Gaart.
|
49 |
|
Doudegt Holz: Wat as säi Notzen? Wee wunnt an huele Beem? Maer maachen eng Bestandsopnahm vu bewunnte Beem.
|
50 |
|
|
51 |
|
Vu Champignonen a Pilzen mat enger Sortie am Hierschtbësch
|
52 |
|
Wéi iwwerliewen sie déi schlecht Joreszäit? Beobachtung op der Fudderplaz an a fräier Natur. Natiirlech léiere mer och e puer Vulle kennen.
|
53 |
|
Biergbau an Eisenindustrie
|
54 |
|
Wann d'Schof dann an eiser G?igend sinn, maache mir eng Sortie dohinner. Et ginn Erkl?rungen zum S?nn an Zweck vun der Sch?iferei a mir maachen och Hierschtthemen (Hecken, B?sch.....)
|
55 |
|
Mir bauen Beierummen, schmëlze Wuess, géissen an zéie Kärzen
|
56 |
|
Flëntermais, Eilen, Nuetspäiperlécken...
|
57 |
|
Wat mussen d'Länner op eiser Äerd maachen, fir d'Schéinheeten op dësem Planéit ze erhalen? Wéi liewen d'Kanner an der 3. Welt? Wéi kënne maer zesummen den Drëtt-Welt-Länner hëllefen?
|